Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Intensivstatioun: Komplikatioune beim Albon no Blinddarm-OP

Den Alexander Albon misst jo wéinst enger Blinddarmentzündung den Formel-1-GP zu Monza aussetzen.

Den thailännesche Formel-1-Fuerer gouf wéinst engem Otemstëllstand no senger Operatioun tëschenzäitlech op d'Intensivstatioun verluecht. D'Nuecht vu Samschdeg op Sonndeg huet den Albon deemno op enger Iwwerwaachungsstatioun verbruecht. Zanter e Sonndegmoien wier hien net méi un enger kënstlecher Beootmungsmaschinn ugeschloss. Der Williams Ecurie no wiere beim Albon no der Operatioun onerwaart Komplikatiounen opgetrueden. Nodeems den Albon e Méindeg op eng normal Statioun verluecht gouf, kéint hien en Dënschden d'Klinik viraussiichtlech verloossen.

Williams no wiere lo keng Komplikatioune méi opgetrueden an de 26 Joer ale Pilot géif sech op de Grand Prix vu Singapur virbereeden.

De Klassiker zu Monza hat den Hollänner Nyck de Vries iwwerholl a koum do op eng exzellent 9. Plaz.