Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Red-Bull-Presentatioun: Ford kënnt zeréck an d’Formel 1

D'F1-Ecurie vu Red Bull huet zu New York d'Saison 2023 lancéiert. Déi gréissten Nouvelle war awer net den neien Auto, mä d'Annonce vum Ford-Comeback.

Ford wäert 2026 an d’Formel 1 zeréck kommen. Da gëtt näämlech eng nei Generatioun vun Hybrid-Undriffer agefouert. Ford wäert mat zwou Ecurien zesummeschaffen, an zwar Red Bull Racing a Scuderia Alpha Tauri. Am Moment gi béid Teams vun enger Power Unit ugedriwwen, déi vun Honda entwéckelt gouf. Well d’Japaner sech awer aus der F1 zeréckzéie wollten, huet Red Bull eng eege Motorefabrik opgebaut. Pläng fir den neie Motor mat Porsche ze bauen, sinn am Summer 2022 geplatzt. Och eng Verlängerung mat Honda war wuel am Gespréich. Schlussendlech wäert Red Bull de Motor fir 2026 elo zesumme mat Ford entwéckelen. Detailer iwwert dës "technesch Partnerschaft" goufen nach net verroden, mä de Motor wäert bei "Red Bull Ford Powertrains" an der Red-Bull-Fabrik zu Milton Keynes entwéckelt ginn.

Ford huet wärend Joerzéngten zesumme mat hirem englesche Partner Cosworth quasi zum Inventaire vun der F1 gehéiert. Am Palmarès stinn 13 Fuerertitelen an 10 Constructeurstitelen. Dee leschte grousse Succès gouf et 1994, wou de Michael Schumacher op engem Benetton-Ford säin éischten F1-Titel gewonnen huet. No der Saison 2004 huet Ford net nëmmen dat eegent Jaguar-Team u RedBull verkaaft, mä huet sech komplett als Motorist aus der F1 zeréckgezunn. D’Motore goufen nach bis 2013 vu Cosworth an Eegeregie bedriwwen, mä wou déi komplex Hybrid-Technik agefouert gouf, war och domadder Schluss.

Fir de Recht war d’Red-Bull-Presentatioun zu New York zimmlech laangootmeg. Eréischt no 45 Minutte gouf den neien RB19 gewisen. Esouwuel den Design wéi och d’Karosserie änelen op den éischte Bléck awer ganz staark dem Auto vun 2022. Et kann een dovunner ausgoen, dass zu Manhattan nach net den definitiven Auto fir dës Saison gewise gouf, mä dass et éischter e liicht modifizéierten RB18 war. Eréischt wann de Max Verstappen an de Sergio Pérez Enn Februar fir Tester am RB19 sëtzen, wäerte mir de richtege Red Bull fir 2023 gesinn. De Red-Bull-Teamchef Christian Horner erwaart sech op jiddwer Fall e spannend Joer, wou ee vum Jeeër zum Gejote gëtt: "No enger Saison, wou mir esou dominéiert hunn, wëllen déi aner Teams eis onbedéngt schloen."