Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Yuki Tsunoda fiert eng weider Saison fir AlphaTauri

Aus der Formel 1 ass et Nouvelle, dass den Yuki Tsunoda eng weider Saison fir AlphaTauri fueren wäert. Dat huet d'Ecurie um Donneschden Moien matgedeelt.

Den 22 Joer jonke Japaner wäert also seng drëtte Saison an der Kinneksklass vum Automobilsport fueren.

"Ech wëll Red Bull, Honda an der Scuderia AlphaTauri Merci soen, dass Si mir weiderhi Méiglechkeet ginn, fir Formel 1 ze fueren. Nodeems ech lescht Joer an Italien geplënnert sinn, fir méi no bei der Fabrick ze sinn, fillen ech mech als Deel vun der Ecurie a sinn houfreg, dass eng weider Chance kréien", esou den Tsunoda an enger éischter Reaktioun.

De Teamchef Franz Tost gesäit Progrèse beim Japaner, an dowéinst hätt hien seng Plaz verdéngt. "Déi Vitesse, déi hie bis ewell gewisen huet, an hie léiert och séier bäi... Aus deene Grënn huet hien e Cockpit verdéngt. Wéi ech ëmmer soen, brauch e Pilot mindestens dräi Joer, fir sech an der Formel 1 erëm ze fannen an ech si frou, dass en him déi Zäit gëtt fir säi Potential ze weisen. Ausserdeem ass dat e Beweis fir den Dr. Helmut Marko an säi Projet, dass mir an der Lag sinn, jonk Talenter aus den Nowueskatégorien erop ze bréngen an ze entwéckelen."

Op säin Teamkolleeg Pierre Gasly awer nächst Saison un der Säit vum Japaner fiert ass nach net kloer. Et gëtt spekuléiert, dass de Fransous eventuell nächst Saison fir Alpine fiert.