Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Zu Singapur start de Charles Leclerc vun der Pole Position

Ënnert schwierege Konditioune gouf de Qualifying zu Singapur gefuer. Leclerc viru Perez, Hamilton, Sainz an Alonso, esou d'Top5. Verstappen just op der 8.

Am 1. Deel vum Qualifying hu Bottas, Ricciardo, Ocon, Albon a Latifi scho mussen agesinn, dass si den Tempo vun de Konkurrenten net kënne matgoen. D'Streckebedingunge ware schwiereg an d'Pilote waren all op Intermediates ënnerwee, well d'Streck quasi komplett fiicht war.

Am Q2 ass d'Streck no an no méi séier ginn, an éischt Piloten hu sech och op Slicks getraut, dorënner och d'Vertrieder vun Aston Martin. Fir si ass d'Rechnung awer net opgaangen, well et war um Enn den Out fir Russel, Stroll, Schumacher, Vettel a Zhou.

Fir de Q3 hu verschidde Piloten direkt mat de mëlle Slicks probéiert, wat awer am Ufank net funktionéiert huet. Wat de Qualifying awer méi laang gedauert huet, wat d'Ideallinn op der Streck méi dréche ginn ass, an all d'Pilote sinn op Slicks ëm d'Beschtzäit gefuer. Den Hamilton op Mercedes huet déi éischt Referenzzäit op Slicks an den Asphalt gebrannt. Zwëschenzäitlech konnt sech den Alonso souguer op Plaz 1 setzen, fir dunn awer nees vum Leclerc verdrängt ze ginn.

Um Enn behält de Charles Leclerc d'Nues vir um Ferrari. Nieft him Start de Sergio Perez (Red Bull). Aus der zweeter Rei starten de Lewis Hamilton (Mercedes) an de Carlos Sainz (Ferrari).

Resultat vum Qualifying