Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fra gebass ginn: Zeienopruff no Tëschefall mat Hond zu Diddeleng

RTL

Um Méindeg de Moien um 7 Auer ass an der Rue Karl Marx zu Diddeleng eng Fra vun engem Hond gebass ginn.

Eng Fra ass mat 2 Hënn, déi un der Léngt waren, laanscht d'Affer gaangen. Ee vun den Hënn huet d'Affer an d'Hand gebass. Dat huet d'Persoun, déi mat den Déieren ënnerwee war awer net weider interesséiert. Déi ass virugaangen a verschwonnen.

D'Hënn goufen als mëttelgrouss a mat kuerzem bronge Fell beschriwwen. Déi gesichte Fra mat den 2 Hënn soll brong Hoer gehat an eng brong Mutz ugehat hunn.

All Info ass fir d'Police Diddeleng op der Nummer 244 69 1000 oder E-Mail: [email protected].