Iwwer 4 Joer ass de fréiere Wikileaks-Chef Julian Assange mëttlerweil zu London am Prisong, ouni dass en wéinst engem Verbriechen ugeklot gi wier.
D'USA hu seng Ausliwwerung gefrot an do riskéiert hie bis zu 175 Joer Prisong. Seng Fra an Affekotin, d'Stella Assange, war e Méinde fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg an am Virfeld hat de Petz Bartz d'Geleeënheet mat hir ze schwätzen.
Den Julian Assange ass physesch a mental ugeschloen, och no engem Hiereschlag am Prisong rezent. Den 52 Joer ale Mann wier ugespaant, an der Onsécherheet jeemools erëm eng Kéier fräize ommen an an der Ongewëssheet vun enger Ausweisung an d0USA. Juristesch ass een um Enn vum Rullo a Groussbritannien.
Stella Assange – Fra an Affekotin vum Julian Assange: "Seng eenzeg Méiglechkeet, nach an Appell ze goen, ass, sech un dat Europäescht Geriicht fir Mënscherechter ze riichten. Dat ass eng prekär Situatioun. D’Geriichter a Groussbritannien hunn déi Ausliwwerung duerchgoe gelooss op eng onerhéiert Manéier. Ech mengen, dass d’EU-Geriicht dat anescht géif gesinn. Mee d’Fro ass, ob déi brittesch Geriichter iwwerhaapt en Urteel vum EU-Geriicht géifen unhuelen."
De Fall wier souwisou scho laang kee juristesche méi, mee e reng politeschen. Et géing drëms, e Whistleblower kal ze stellen, dee staatlech Krichsverbriechen dokumentéiert a bekannt gemaach huet. Et géing drëms, e Prezedenzfall ze schafen, fir Investigatiounsjournalismus kënnen ze kriminaliséieren.
An Europa an an den USA, do wou dat bis ewell nach net grad esou einfach war wéi anerwäerts: "Mir hunn de President vun der Demokratescher Republik Kongo gesinn, fir dem Julian säi Fall ze gebrauchen, fir d’Arrestatioun vun engem Journalist am Kongo ze rechtfäerdegen. En huet dem Julian säi Fall benotzt, fir ze soen: Gesitt der wat an Europa geschitt? Iwwer wat schwätze mer hei iwwerhaapt nach?"
18 Punkte ginn dem Julian Assange an den USA virgeworf. Hie riskéiert bis zu 175 Joer Prisong. D'Trump-Verwaltung war richteg schaarf drop de Mann ze kréien, mee och en demokratesche Regime ënnert engem Joe Biden war bis ewell net gewëllt, den Dossier ad acta ze leeën: "Dem Julian säi Fall ass e Symbol vu Muechtmëssbrauch, vun Hypokrisie a vu Rouegstelle vu Journalismus, dee Fakten oppe leet vun deenen, déi un der Muecht sinn an deenen hir Interessien a Gefor geroden."