Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

François Bausch: "Rumeuren ouni all Substanz"

Esou bezeechent de Mobilitéitsminister RTL géintiwwer d'Nouvelle, datt de Luxair-Generaldirekter soll no nëmmen 2 Joer viru senger Demissioun stoen.

D'Wort hat e Méindeg de Moien um Online-Site gemellt, datt d'Decisioun iwwert den Depart vum Gilles Feith soll op der Aviatiouns-Tripartite falen, déi an enger Woch ass.

Weider schreift d'Zeitung, datt de Gilles Feith bei LuxAirport géif wiesselen, wou de René Steinhaus misst als CEO ersat ginn.

Hannergrond wieren en ongesond Aarbechtsklima an e schlechte Management bei der nationaler Airline, déi aktuell zerguttst Turbulenzen mat mécht.

Och an der Emissioun "Background" hat de Minister Bausch ewell op eiser Antenne e Samschdeg betount, datt d'Léisungen, déi an der sektorieller Tripartite fir d'Luxair gesicht ginn, keen direkten Impakt op d'Leit an der Direktioun hätten.