Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Belaaschtung vum Stroumreseau kritt Emissioun op der Tëlee

Eis Noperen hunn e Stroum-Wiederbericht. All Dag gëtt op der Tëlee nom Wieder an tëscht aneren Emissiounen iwwer d'Belaaschtung vum Stroumnetz informéiert.

Sou wëll ee 4 vu 5 Mënschen a Frankräich erreechen, fir de Stroumverbrauch ze beaflossen. Dat ass en Deel vum nationalen Energie-Spuerplang.

Wann et gréng an engem senger Géigend ass, ass alles an der Rei. Bei orange ass de System belaascht a bei rout kann et zu Stroum-Ënnerbriechunge kommen, wann de Verbrauch net reduzéiert gëtt.

D’Leit sollen dann hire Verbrauch tëscht 8 an 12 moies an owes tëscht 18 an 20 eroffueren an zum Beispill keng Wäschmaschinn umaachen oder baken.

Frankräich huet den Ament Energie-Enkpäss. D’Hallschent vun de 56 Atomreakteren ass net um Netz.