Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Méi wéi eng Millioun Mënsche waren op der Strooss

Däitlech méi Leit wéi bis ewell hunn en Donneschdeg a Frankräich géint d’Rentereform protestéiert.

Den Inneministère huet vu knapp 1,1 Millioune Mënsche geschwat, d’Gewerkschafte souguer vun 3 an eng hallef Milliounen.

Garen, Raffinerien an Häfe goufe blockéiert. Och deels de Fluchhafen Charles de Gaulle zu Paräis. Vill Schoule sinn zou bliwwen, well d’Léierpersonal gestreikt huet.

Op verschiddene Plaze koum et zu Gewalt. Zu Paräis huet d’Police Waasserwerfer agesat. Zu Lorient an der Bretagne ass den Haff vun der Police a Brand gesat ginn. Op d’mannst 172 Leit si festgeholl ginn.

D’Roserei an der Populatioun ass op alle Fall nach emol geklommen, nodeems d’Rentereform ouni Vott am Parlament duerchgeboxt gouf. De President Marcon sot e Mëttwochan engem Interview, hie géif net noginn, well d’Reform misst gemaach ginn.