Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Premierministesch stellt Plang fir Auswee aus der Kris vir

Virum zéngte grousse Protestdag géint d'Pensiounsreform wëll d'Premierministesch elo hire Plang dem President, de Parteien a Gewerkschafte virstellen.

An e puer Deeg oder Woche wëll een dem Regierungsspriecher Olivier Véran no nees zesummen un engem Dësch sëtzen. De Véran geet dovunner aus, datt de Verfassungsrot d'Pensiounsreform, mat där jo ënner anerem de Pensiounsalter schrëttweis vun 62 op 64 Joer eropgesat gëtt, an den nächsten Deeg wäert guttheeschen.

Domadder géif dat Gesetz och hannert engem leien, esou de Véran. An de Gespréicher, déi d'Premierministesch féiere wëll, géif et ëm d'Aarbechtskonditioune vun eelere Salariéë goen. "Mir mussen d'Mënsche begleeden", esou de Véran mam Bléck op Leit, déi a kierperlech ustrengende Beruffer schaffen, an déi sech doduerch och net kapabel gesinn, fir zwee Joer méi laang schaffen ze goen.

Et wéilt een e Programm ausschaffen, mat deenen d'Parteien aus dem lénken a rietse Spektrum averstane sinn, esou datt een net méi op der Verfassungsartikel 49.3 ugewisen ass. Deen Artikel war jo genotzt ginn, fir d'Pensiounsreform duerchzesetzen. Mam 49.3 kann d'Regierung eng Reform ouni Ofstëmmung am Parlament duerchbréngen, wa si dono e Mësstrauensvott iwwersteet.

En Dënschdeg wëllen d'Gewerkschafte jo eng zéngte Kéier op d'Strooss goen a géint d'Pensiounsreform demonstréieren. Eng weider Kéier wäerte vill Transportmëttel a Coursen an de Schoulen ausfalen.