Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Zwee Mësstrauensvotte géint d'Regierung

RTL

© AFP

Um 16 Auer e Méindg de Mëtteg sinn an der franséischer Assemblée Nationale zwee Mësstrauensvotte géint d'Regierung.

Dës goufe vum rietspopulistesche Rassemblement National respektiv der klenger Zentrumspartei Liot abruecht. Dat nodeems d'Regierung déi ëmstridde Reform vum franséische Pensiounssystem ouni Ofstëmmung am Parlament decidéiert hat. Doropshi war et op en Neits a ganz Frankräich zu Protester komm.

Am Fall wou eng absolut Majoritéit vun den Deputéiert ee vun de Mësstrauensvotten ënnerstëtze sollt, misst d'Regierung vun der Premierministesch Borne zerécktrieden. Well déi republikanesch Fraktioun am Parlament d'Pensiounsreform allerdéngs ënnerstëtzt, gëllt dat als quasi ausgeschloss.