Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Franséisch Bunn: Gréisser Perturbatiounen wéinst Streik vu Kontrolleuren, och zu Lëtzebuerg

Mobilitéit - Franséisch Bunn
RTL

© STEPHANE DE SAKUTIN AFP

D'Negociatiounen tëscht der franséischer Bunn an de Gewerkschaften sollen nächst Woch weider goen.

Bei der franséischer Bunn streiken e Samschdeg an e Sonndeg d'Kontrolleuren, wat zu gréissere Perturbatiounen féiert. Ronn 60 Prozent vun allen TGVen sinn annuléiert. Betraff sinn och d'Linn 90 Lëtzebuerg-Thionville-Metz-Nanzeg an den TGV vu Lëtzebuerg op Paräis.

Concernéiert Leit, sollen dofir online kucken, ob hiren Zuch och effektiv fiert, heescht et vun der CFL. De Streik soll nach bis muer den Owend daueren. D'Negociatiounen tëscht der franséischer Bunn an de Gewerkschaften sollen nächst Woch weider goen.