Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Franséische Gesondheetsministère: D'Pëll fir dono gëtt fir all Fra a Frankräich gratis

RTL

© MYCHELE DANIAU / AFP

Och den Test op sexuell iwwerdrobar Infektiounen soll an Zukunft fir Fraen bis 26 Joer näischt kaschten.

A Frankräich soll d'Pëll fir duerno an Zukunft fir all Fra gratis ginn an dann an der Apdikt ouni Ordonnance ze kréie sinn. Dat huet de franséische Santésminister François Braun e Mëttwoch annoncéiert. Bis viru kuerzem war d'Pëll fir dono just gratis fir mannerjäreg Fraen a fir Studentinnen.

Och den Test op sexuell iwwerdrobar Infektiounen soll fir Fraen bis 26 Joer näischt kaschten. Béid Mesure sinn Deel vum Finanzéierungsgesetz vun der Securité Sociale fir d'nächst Joer a ginn nächst Woch am Regierungsrot presentéiert.