Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frëndschaftslännermatch: Lëtzebuerg verléiert mat 0:1 géint Malta

Frëndschaftslännermatch

No gudde 45 Minutten huet Lëtzebuerg an der zweeter Hallschent de Fuedem verluer a geet am Stade de Luxembourg verdéngt als Verléierer vum Terrain.

Als Preparatioun virun den zwee EM-Qualifikatiounsmatcher géint Liechtenstein a Bosnien huet d'Ekipp vum Luc Holz e Freideg den Owend am Stade de Luxembourg e Frëndschaftslännermatch géint Malta gespillt.

Déi éischt Offensivaktioun hat de Gerson Rodrigues an der 8. Minutt, säi Schoss sollt den Henry Bonello am Malteesesche Gol mat engem super Reflex awer paréieren. Virun allem duerch Standardsituatioune vum Timothé Rupil sinn d'Rout Léiwen ëmmer nees geféierlech ginn. Déi beschten Aktioun gouf et an der 34. Minutt. No engem Fräistouss knallt de Gerson Rodrigues de Bal awer just un d'Lat. Mat engem 0:0 ass et deemno an de Vestiaire gaangen.

An der Paus huet de Luc Holz e Wiessel virgeholl. Fir de Ralph Schon ass den Tiago Pereira Cardoso an de Gol komm. An de Golkipp hat direkt vill ze dinn, dat well d'Lëtzebuerger d'Linn an hirem Spill komplett verluer hunn. Sou war et och net verwonnerlech, dass Malta an der 64. Minutt duerch den Kyrian Nwoko a Féierung konnt goen. Nom Géigegol hu Jans a Co. sech weider schwéier gedoen nees zeréck zu hirem Spill ze fannen. De Rhythmus bei der FLF-Formatioun war fort. Och an der Schlussphase sollt sech dodrun näischt méi änneren, sou dass de Frëndschaftslännermatch géint Malta mat 0:1 verluer geet.

No iwwer 11 Joer verléiert Lëtzebuerg deemno nees e Match géint Malta.

Nächste RDV fir d'FLF Formatioun ass an der Europameeschterschaftsqualifikatioun. De 17. Juni spillt Lëtzebuerg heiheem géint Liechtenstein an den 20. Juni auswäerts géint Bosnien Herzegowina. Béid Matcher kennt dir Live op RTL suivéieren.