Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball: De Manuel Peixoto ass neien Trainer bei der U.N. Käerjeng'97

Dat huet de Veräin aus der ieweschter Divisioun aus dem Lëtzebuerger Futtball um Méindeg op senger Internetsäit matgedeelt.

De 66 Joer ale Fransous, dee vun 2005 bis 2017 bei verschiddenen Statiounen hei am Land, ënnert anerem zu Péiteng, Nidderkuer an Gréiwemaacher, op der Trainerbänk souz, krut elo emol e Kontrakt bis d'Enn vun der Saison.

Käerjeng steet op der 14. an domat drëttleschter Plaz an der Tabell. Op dëser Relegatiounsplaz huet d'UNK just 1 Punkt Avance op d‘Ofstigsplaz op där Hueschtert steet. Käerjeng huet zanter dem 16. Oktober zejoert, kee Match méi am Championnat gewonnen, dat heescht zanter mëttlerweil 13 Spilldeeg gouf et fir d’Equipe aus der Brauereistad keng Victoire méi.