Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball: Nations League: Lëtzebuerger Damme spillen 1:1 géint Georgien

No der Victoire leschten Donneschdeg géint Litauen hunn d’Rout Léiwinnen en Dënschdeg hiren éischten Heemmatch am Grupp 2 vun der League C gespillt.

Géigner war Georgien. D'Lëtzebuerger Damme waren an der éischter Hallschent spilleresch liicht iwwerleeën an haten an der 8. Minutt och duerch d'Amy Thompson déi éischt Chance. Den 0:1 fir Georgien ass an der 27. Minutt aus dem Näischt gefall. D'Ana Cheminava huet no engem Wäitschoss marquéiert. Ma nëmmen 8 Minutte méi spéit huet d'Ekipp vum Dan Santos duerch d'Joana Lourenço ausgeglach.

Mam 1:1 ass et dunn och an d'Paus gaangen, och wann d'Lëtzebuergerinnen no 40 Minutten no Feeler op Caroline Jorge en 11 Meter hätte misse kréien. D'Partie hat och an der zweeter Hallschent spilleresch net vill Héichpunkten. D'Rout Léiwinne waren an der 70. Minutt no enger Chance vum Thompson am noosten un der Victoire. D'Decisioune vum Arbitter-Trio hunn och net gehollef.

Nom Remis hunn d'Lëtzebuergerinne lo 4 Punkten a leien hannert der Tierkei op der zweeter Plaz.