Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: 6 Goler bei Remis tëscht Kamerun a Serbien

Um 14 Auer ass et am Grupp H u Südkorea a Ghana, um 17 Auer spille Brasilien an d'Schwäiz géinteneen an den Owend um 20 Auer ass de Match Portugal géint Uruguay.

Grupp G


1:0 Castelletto (29'), 1:1 Pavlovic (45+1'), 1:2 Milinkovic-Savic (45+3'), 1:3 Mitrovic (53'), 2:3 Aboubakar (63'), 3:3 Choupo-Moting (66')

D'Ekipp aus Serbien war besser an de Match gestart an huet iwwer wäit Strecken de Match dominéiert. An der 29. Minutt gouf et dunn awer déi kal Dusch, well no engem Corner konnt de Castelletto de Kamerun a Féierung bréngen. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent hunn d'Serbe sech dunn awer fir hiert Engagement belount, do konnte si nämlech direkt zweemol markéieren. De Pavlovic konnt ausgläichen, ier de Milinkovic-Savic Serbien a Féierung bruecht huet.

Nom Säitewiessel, an der 53. Minutt, konnten d'Serben dunn nach esouguer een drop setzen. No engem Ballverloscht vum Kamerun konnt de Mitrovic op 3:1 stellen. Wie gemengt huet, de Match wier elo decidéiert, dee sollt eppes besserem beléiert ginn. Bannent nëmmen 3 Minutte konnt de Kamerun nämlech de Match nei lancéieren. An der 63. Minutt huet den Aboubakar op 2:3 verkierzt an an der 66. Minutt war et de Choupo-Moting, deen den Ausgläich markéiert huet. Bis zum Schluss ass et beim 3:3 bliwwen.

Brasilien - Schwäiz um 17 Auer

Grupp H

Südkorea - Ghana um 14 Auer

Portugal - Uruguay um 20 Auer

RTL

D'Tabellen am Iwwerbléck