Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Australien wënnt mat 1:0 géint Tunesien

Am Grupp D konnt sech Australien mat 1:0 géint Tunesien duerchsetzen a séchert sech domat déi éischt 3 Punkten.

Um 14 Auer ass et eng Partie aus dem Grupp C, wou et Polen mat Saudi-Arabien ze di kritt. Um 17 Auer ass et de Spëtzematch am Grupp D tëscht Dänemark a Frankräich. Den Owend um 20 Auer steet dann Argentinien an der Partie géint Mexiko schonns ferm ënner Drock.

Grupp C

Polen - Saudi-Arabien um 14 Auer

Argentinien - Mexiko um 20 Auer

Grupp D

D'Australier sinn e Samschdeg besser an de Match komm an haten an den éischten 20 Minutten de Match ënner Kontroll. An der 23. Minutt hunn d'Socceroos sech du fir hiert Engagement belount, wéi den Duke Australien mat engem Kappball-Gol a Féierung bruecht huet. An der Suite sinn d'Tunesier dunn awer wakereg ginn a si konnte sech däitlech steigeren. Bis zur Paus haten d'Nordafrikaner a Persoun vum Dräger an Mskani nach zwou gutt Chancen, fir auszegläichen. Béid hu si awer net genotzt, deemno goung et beim Stand vun 0:1 aus tunesescher Siicht an d'Paus.

Och déi zweet 45 Minutte waren immens ëmkämpft. Béid Formatioune hunn aggressiv agéiert, vill geféierlech Golaktioune gouf et awer net. D'Tunesien hunn offensiv alles probéiert, bei hire Schëss huet allerdéngs dacks déi néideg Prezisioun gefeelt. Um Enn ass et bei der knapper Victoire fir Australien bliwwen, deemno stinn d'Tunesier schonns kuerz virum Aus bei dëser WM.

Frankräich - Dänemark um 17 Auer

RTL

D'Tabellen am Iwwerbléck