Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Effizient Hollänner wanne géint d'USA a stinn an de 1/4-Finallen

E Samschdeg ass d'KO-Phas mat den Aachtelsfinallen bei der Futtball-Weltmeeschterschaft ugaangen.

Direkt zwee KO-Matcher ginn um Samschdeg gespillt. Um 16 Auer waren dat Holland géint d'USA an den Owend um 20 Auer spillt nach e vun de grousse Titel-Favoritten Argentinien géint Australien.

De Resumé vun deenen éischten zwou 1/8-Finallen

D'USA hu sech vun Ufank un net verstoppt an haten no 3 Minutten déi éischt honnertprozenteg Chance am Match. De Pulisic stoung bemol ganz eleng virum hollänneschem Gol, säi Schoss sollt den Noppert mat enger fantastescher Parad nach oflenken. Kuerz dorop huet den Depay et op der anerer Säit besser gemaach. De Stiermer huet no enger flotter Kombinatioun aus ronn 13 Meter d'Féierung fir d'Elftal geschoss. Robinson a Co ware beméit, ouni sech awer weider geféierlech Chancen eraus ze spillen. Kuerz virun der Paus huet de Blind no Pass vum Dumfries d'Hollänner mat 2:0 a Féierung geschoss.

D'US Boys si wéi och an der 1. Hallschent mat vollem Elan aus de Kabinne komm. Ream a Mc Kennie konnten hier Chancen awer net notzen.  An der Schlussphase sinn d'US Amerikaner dunn awer nach emol eru komm. No Flank vum staarke Pulisic kennt de Wright e bësse glécklech un de Ball a vu sengem Fouss geet dat ronnt Lieder an de Gol. Nëmme 5 Minutte méi spéit sollt de Dumfries awer fir d'Virentscheedung suergen, sou dass de Match um Enn mat 3:1 fir d'Elftal ausgeet. D'Ekipp vum Louis van Gaal kritt et an de 1/4-Finallen mam Gewënner aus der Partie Argentinien - Australien ze dinn.

Argentinien - Australien (20h00)

RTL

Den Iwwerbléck vun der KO-Phas