Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Frankräich an Australien stinn an den 1/8-Finallen

E Mëttwoch goufen déi lescht Matcher an de Gruppen C an D gespillt.

Am Grupp D konnte sech Frankräich als Gruppenéischten an Australien als Gruppenzweeten fir d'Aachtelsfinalle qualifizéieren.

Grupp D

Fir de leschte Gruppematch géint Tunesien huet de franséischen Nationaltrainer Didier Deschamps eng B-Ekipp op den Terrain geschéckt. Mat Ausnam vum Varane a vum Tchouameni ginn alleguer d'Stammspiller geschount. D'Equipe Tricolore ass scho sécher fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert. Ma och déi 3 aner Ekippen hu reng rechneresch nach d'Chance, fir weider ze kommen. D'Tunesier starten deementspriechend motivéiert an de Match an an der 8. Minutt zappelt de Ball fir d'éischt am franséische Filet. De Ghandri steet awer am Abseits, sou dass et beim 0:0 bleift. Déi 3 weider Gol-Schëss vun den Tunesier ginn net an de Gol. Deementspriechend geet et ouni Goler an d'Paus.

D'Tunesier ginn och an der zweeter Hallschent Vollgas a ginn an der 58. Minutt fir hiren Engagement belount. No engem Ballverloscht vun de Fransousen am Mëttelfeld setzt de Khazri sech am franséische Strofraum géint de Varane duerch a kann den 1:0 markéieren. Frankräich reagéiert mat enger ganzer Partie Auswiesslungen. Trotzdeem kommen d'Fransousen eréischt an der 79 Minutt zu engem valabelen Ofschloss. An der 98 Minutt schéngt et dunn, wéi wann de Griezmann zum 1:1 ausgläiche kann, ma de Gol zielt wéinst enger Abseits-Positioun net. D'Tunesier wannen also mat 1:0, ma wéinst der Victoire vun Australien si si trotzdeem an der Gruppephas eraus.

An der Partie tëscht Dänemark an Australien, déi zäitgläich gespillt gouf, haten d'Dänen an der éischter Hallschent däitlech méi vum Match. 66 Prozent Ballbesëtz an déi däitlech besser Golchance schwätzen eng kloer Sprooch. Déi éischt wierklech gutt Golchance hunn d'Dänen an der 11. Minutt. De Ryan am Gol vun den Australier kann dem Olsen säi Schoss awer op Käschte vun engem Eckball ofwieren. Australie kënnt - wann iwwerhaapt - nëmmen aus der Distanz zum Ofschloss, esou zum Beispill an der 22. Minutt. Dem McGee säi Schoss ass awer ze zentral an de Schmeichel kann dësen ouni Problem halen. Obwuel Dänen den däitlech bessere Futtball spillen, fält bis zur Hallschent kee Gol, sou dass et mat 0:0 an d'Paus geet.

An der zweeter Hallschent kommen d'Australier dann däitlech besser an de Match a markéiere mat hirem éischte proppere Konter an der 60. Minutt den 1:0. 11. Minutte mi spéit päift den Arbitter dunn en Eelefmeter fir D'Dänen. Hie gëtt awer vu sengem Assistent iwwerstëmmt. Den Dolberg war virum Foul am Abseits. Vun Dänemark kënnt däitlech manner wéi an der éischter Hallschent. Si geheien zum Schluss zwar nach eng Kéier alles no vir,  schéissen awer kee Gol méi, sou dass Australien mat 1:0 gewënnt a sech fir déi nächst Ronn qualifizéiert.

Grupp C

Polen géint Argentinien a Saudiarabien géint Mexiko um 20.00 Auer

RTL