Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Holland a Senegal qualifizéiere sech fir d'Aachtelsfinallen

En Dënschdeg war den Optakt vum 3. a leschte Spilldag vun der Gruppephas op der Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar.

Am Grupp A konnte sech Holland als Gruppenéischten an de Senegal als Gruppenzweete fir d'Aachtelsfinalle qualifizéieren, deemno sinn Ecuador an de Katar eliminéiert. Am Grupp B sinn um 20 Auer déi lescht Matcher.

Grupp A

Den Ecuador ass mat engem Punkt méi an de Match géint de Senegal gaangen, war an der éischter Hallschent awer iwwer wäit Strecken ënnerleeën. D'Senegalesen hunn de Match dominéiert, eleng bei de Schëss stoung et 10 zu 2 fir d'Afrikaner. An der 42. Minutt gouf et dunn e Foul vum Hincapie um Sarr an den Arbitter huet op Eelefmeter decidéiert. De Gefoulten ass an der Suite selwer ugetrueden a konnt de Senegal mat 1:0 a Féierung bréngen. Mat deem Resultat goufen dann och d'Säite gewiesselt.

De Start an déi zwee Hallschent war relativ zéi. Bannent den éischten 20 Minutte gouf et kaum geféierlech Offensivaktiounen, dat well béid Formatiounen defensiv stabil stoungen a kaum eppes zougelooss hunn. An der 68. Minutt konnt den Ecuador dunn awer no engem Corner duerch de Caicedo ausgläichen. D'Äntwert vum Senegal koum awer nëmmen zwou Minutte méi spéit. No engem Fräistouss koum de Ball iwwer Ëmweeër bei de Koulibaly, de Kapitän stoung genau richteg a konnt aus kuerzer Distanz den 2:1 markéieren. An der Schlussphas gouf et nach op béide Säiten déi eng oder aner Chance, mee bis zum Schluss sollt sech näischt méi um Resultat änneren. Domat steet de Senegal fir déi éischte Kéier zanter 20 Joer nees an der Aachtelsfinall.

D'Hollänner hu sech an der Ufanksphas vum Match e Stéck méi schwéier gedoen, wéi ee sech dat wuel erwaart huet. Mat der éischter gudde Chance konnt de Gakpo Holland dunn awer an der 26. Minutt mat 1:0 a Féierung bréngen. Fir den 23 Joer ale Spiller vum PSV Eindhoven war et den drëtte Gol am drëtte WM-Match. Och an der Suite war d'Oranje net zwéngend iwwerzeegend a konnt frou sinn, datt d'Katarer d'Raim, déi sech opgedoen hunn, net notze konnten. Deemno goung et mat der knapper Féierung fir Holland an d'Paus.

Nom Säitewiessel konnten d'Hollänner dunn direkt nach een drop setzen, do war et nämlech de Frenkie de Jong, deen den 2:0 markéiere konnt. D'Katarer hu sech awer nach net opginn an deels ganz energesch no vir gespillt, richteg geféierlech ware si awer net. D'Hollänner konnten dann och nach eng drëtte Kéier zouschloen, ma dee Gol gouf spéiderhi wéinst engem Handspill annuléiert. Um Enn wannen d'Hollänner mat 2:0 a séchere sech déi éischt Plaz am Grupp A.

Grupp B

Iran - USA um 20 Auer

Wales - England um 20 Auer

RTL

D'Tabellen am Iwwerbléck