Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Kroatien wënnt am Eelefmeterschéisse géint Brasilien

An der éischter Véierelsfinall vum Turnéier ass et e Freideg zum Duell tëschent Kroatien a Brasilien komm.

An enger staark ëmkämpfter Véierelsfinall konnt sech Kroatien géint Brasilien am Eelefmeterschéissen duerchsetzen a réckelt an déi virlescht Ronn vun der Futtball-WM weider.

De Resumé

An der éischter Hallschent hu sech Neymar & Co. schwéier géint de Vizeweltmeeschter Kroatien gedoen. Ëmmer nees konnten d'Osteuropäer dat brasilianescht Opbauspill stéieren a mam Josip Juranovic iwwert déi riets Säit geféierlech ginn. Vill Chancë gouf et allerdéngs fir keng Ekipp. E Fräistouss an der 42. Minutt vum Neymar aus gudder Positioun, goung direkt an d'Äerm vum kroatesche Goalkeeper Dominik Livakovic.

Am zweeten Duerchgang huet Brasilien dunn opgedréint an ass direkt no 3 Minutte mat zwou décke Geleeënheete geféierlech ginn, allerdéngs ouni Erfolleg. Kroatien huet ëmmer nees de Wee bis an de brasilianesche 16-Meter fonnt, konnt virum Gol vum Alisson Becker awer keng wierklech Gefor ausstralen, wougéint d'"Seleção" am weidere Spillverlaf déi däitlech besser Chancen hat. Den entscheedenden 1:0 ass no 90 Minutten trotzdeem net gefall.

D'Sich nom éischten Halleffinalist vun dëser Futtball-WM misst uschléissend an der Verlängerung weidergefouert ginn, wou Brasilien änlech geféierlech opgetrueden ass, mä trotzdeem net laanscht kompakt stoend Kroaten koum, déi sech nëmmen nach op d'Defense konzentréiert hunn. Kuerz viru Schluss vun den éischte 15 Minutten dann de Schock fir d'Osteuropäer: An der Nospillzäit vun der 105. Minutt huet den Neymar fir d'éischt en Doppelpass op de Rodrygo an dann op de Lucas Paqueta gespillt, ier en de Ball aus spatzem Wénkel vu riets an de Gol geknuppt huet.

Wärend de Rekordweltmeeschter a Gedanke wuel schonn an der Halleffinall war, hunn d'Kroaten äiskal zeréckgeschloen: An der 117. Minutt hat de frësch agewiesselten Mislav Orsic déi lenks Säit fir sech a konnt de Ball an den Zenter op de Bruno Petkovic spillen, dee mam 1:1 seng Kroaten zeréck an d'Spill bruecht huet.

Et koum zum Eelefmeterschéissen wou d'Kroate wéi och scho géint Japan d'Nerve behalen an an d'Halleffinall weider réckele konnten. Bei de Brasilianer hunn de Rodrygo an de Marquinhos verschoss.

RTL