Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Marokko wënnt sensationell géint Spuenien am Eelefmeterschéissen

En Dënschdeg kruten et an der virleschter Aachtelsfinall Marokko a Spuenien mateneen ze dinn.

Am zweeten Eelefmeterschéisse vun dësem Turnéier konnten d'Marokkaner sech mat 3:0 géint d'Favoritten aus Spuenien duerchsetzen.

De Resumé

Nennenswäert Chancë gouf et an der Ufanksphas vun dësem Match keng. D'Spuenier hu géint immens kompakt stoend Marokkaner ëmmer nees no Lächer gesicht, mä keng fonnt, wougéint d'"Léiwe vum Atlas" probéiert hunn, mat engem séieren Ëmschaltspill geféierlech ze ginn, allerdéngs ouni Succès. Eng gutt Geleeënheet haten d'Marokkaner kuerz virun der Paus, wéi den Nayef Aguerd aus 5 Meter eng Flank vum Sofiane Boufal knapp iwwert de Gol gekäppt huet.

Déi marokkanesch Defense war och am zweeten Duerchgang net fir d'Spuenier ze knacken: "La Furia Roja" huet sech un Hakimi & Co. weiderhin d'Zänn ausgebass. An der 5. Minutt vun der Nospillzäit gouf et du bal den 1:0 fir Spuenien, wéi den Dani Olmo e Fräistouss aus 25 Meter direkt op de Gol gezunn huet. De Yassine Bono konnt awer groussaarteg paréieren a seng Marokkaner an d'Verlängerung retten.

D'Spuenier konnten och hei d'Partie weider dominéieren an d'Marokkaner ëmmer méi am eegene Strofraum belageren. Wéi schonn an de regulärer Spillzäit, ass et den Nordafrikaner geleeëntlech awer gelongen, mat Konteren duerchzebriechen. Dat zweet Eelefmeterschéisse vum Turnéier louch an der Loft, nodeems et de Spuenier kuerz viru Schluss net gelongen ass, eng Rei gutt Chancen ze verwäerten.

De Bono konnt du mat 2 gehalene Schëss - den éischte spuenesche Penalty goung un de Potto -  brilléieren an d'Sensatioun fir Marokko perfekt maachen.

RTL