Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Polen wënnt mat 2:0 géint Saudi-Arabien

Am Grupp C wënnt Polen géint Saudi-Arabien, am Grupp D kann Australien sech mat 1:0 géint Tunesien duerchsetzen.

Um 17 Auer ass nach de Spëtzematch am Grupp D tëscht Dänemark a Frankräich. Den Owend um 20 Auer steet dann Argentinien an der Partie géint Mexiko schonns ferm ënner Drock.

Grupp C

Am éischte Match vum Grupp C ass Polen op Saudi-Arabien getraff, déi um éischte Spilldag iwwerraschend géint Argentinien gewonnen haten. Och géint d’Polen huet Saudi-Arabien gutt an de Match fonnt an hat no 13 Minutten déi éischt grouss Geleeënheet, ma de Szczesny konnt dem Kanno säi Schoss paréieren. D’Saudie si weider déi besser Ekipp bliwwen, ma an der 39. Minutt war et den Zielinski, deen d’Polen no engem séiere Spillzuch konnt a Féierung bréngen. Kuerz virun der Paus gouf et dunn duerch en Eelefmeter déi nächst Occasioun fir Saudi-Arabien, ma de Szczesny huet dem Al-Dawsari säi Versuch an och de Noschoss vum Al-Breik staark paréiert, soudass et mat engem ongléckleche Réckstand fir d’Asiaten an d’Paus gaangen ass.

D’Formatioun vum franséischen Trainer Hervé Renard huet och am zweeten Duerchgang weider eng gutt Leeschtung gewisen, an der 55. Minutt ass den Al-Dawsari awer eemol méi um staarken Szczesny hänke bliwwen. An der Suite hunn d’Polen dunn ëmmer méi Akzenter no vir gesat, a bannent 3 Minutte hunn de Milik an de Lewandowski de Ball un d’Aluminium geschoss. D’Europäer sinn ëmmer besser ginn an hu sech an der 82. Minutt mam 2:0 duerch de Lewandowski belount. No engem katastrophale Feeler vum Al-Malki war de Stiermer vu Barcelona eleng virum Gol an huet sech säin éischte Gol bei enger WM net huele gelooss. Mat dëser Victoire behält Polen d’Chance op d’Aachtelsfinall, ma och fir Saudi-Arabien ass nach alles méiglech.

Argentinien - Mexiko um 20 Auer

Grupp D

D'Australier sinn e Samschdeg besser an de Match komm an haten an den éischten 20 Minutten de Match ënner Kontroll. An der 23. Minutt hunn d'Socceroos sech du fir hiert Engagement belount, wéi den Duke Australien mat engem Kappball-Gol a Féierung bruecht huet. An der Suite sinn d'Tunesier dunn awer wakereg ginn a si konnte sech däitlech steigeren. Bis zur Paus haten d'Nordafrikaner a Persoun vum Dräger an Mskani nach zwou gutt Chancen, fir auszegläichen. Béid hu si awer net genotzt, deemno goung et beim Stand vun 0:1 aus tunesescher Siicht an d'Paus.

Och déi zweet 45 Minutte waren immens ëmkämpft. Béid Formatioune hunn aggressiv agéiert, vill geféierlech Golaktioune gouf et awer net. D'Tunesien hunn offensiv alles probéiert, bei hire Schëss huet allerdéngs dacks déi néideg Prezisioun gefeelt. Um Enn ass et bei der knapper Victoire fir Australien bliwwen, deemno stinn d'Tunesier schonns kuerz virum Aus bei dëser WM.

Frankräich - Dänemark um 17 Auer

RTL

D'Tabellen am Iwwerbléck