Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Victoire vu Costa Rica géint Japan, Marokko klappt d'Belsch mat 2:0

Beim Optakt vum zweete Spilldag an der Grupp E hat sech Costa Rica iwwerraschend déi éischt dräi Punkte géint Japan geséchert.

Am Grupp F gouf et iwwerdeems déi nächst Iwwerraschung. Marokko huet sech verdéngt mat 2:0 géint d'Belsch behaapt.

Grupp E

An den éischte 45 Minutte gouf et net vill Highlights an der éischter Partie vum Sonndeg. Costa Rica hat liicht méi Ballbesëtz a méi Ofschlëss, ma weder si nach d'Japaner hunn de Ball iwwerhaapt emol op de Gol kritt. Déi zweet Hallschent huet Japan sech gerappt an d'Kontroll vum Spill iwwerholl a si haten doduerch och däitlech méi Schëss. Ma den 1:0 koum net vun hinnen, mä vum éischte geféierleche Schoss vu Costa Rica op de japanesche Gol an dësem Match. Et war de Fuller, deen an der 81. Minutt säi Land a Féierung bruecht huet. Japan sollt an de leschte Minutten dëst net méi kënnen dréinen an esou mécht Costa Rica d'Grupp E emol virleefeg ganz spannend.

Spuenien - Däitschland (20h00)

Grupp F

Kuerz virum Ufank vum Match huet Marokko missen de Golkipp wiesselen. Dem Bono war et no der Nationalhymn net gutt gaangen, soudass de Munir huet missen asprangen. D'Belsch haten an der éischter Hallschent méi vum Match, bis op ee geféierleche Schoss vum Batshuayi hu si awer keng Golchancen erausgespillt. Marokko stoung hanne kompakt an huet iwwer Konteren déi eng oder aner gutt Méiglechkeet erausgespillt. Kuerz virun der Paus gouf e Gol vum Ziyech duerch de VAR annuléiert. Nom Säitewiessel war däitlech méi Tempo an der Partie an et ass hin an hir gaangen. Den Hazard op Säite vun de Belsch an de Boufal fir Marokko hunn hir Chancen awer net genotzt. Béid Ekippe wollte sech an där Phas net mat engem Remis zefridde ginn. An der 73. Minutt ass den Aussesäiter no engem Fräistouss mat 1:0 a Féierung gaangen. D'Belsch huet no vir alles probéiert, konnt sech awer just no Standardsituatioune kleng Chancen erausspillen. An der Nospillzäit huet den Aboukhlal op 2:0 erhéicht an den Deckel op d'Partie drop gemaach. Mat 4 Punkten huet Marokko elo eng gutt Chance, fir en Tour weiderzekommen. Fir d'Belsch ass mat 3 Punkten awer och nach alles dran.

Kroatien - Kanada (17h00)

RTL

D'Tabellen am Iwwerbléck