Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM: Am Grupp F si Marokko a Kroatien weider, d'Belsch ass eliminéiert

Um Donneschdeg falen d'Decisounen an de Gruppen F an E.

Am Grupp F sinn déi leschte Matcher um 16 Auer ugepaff ginn. Mat der knapper Victoire iwwer Kanada konnt sech Marokko déi éischte Plaz am Grupp sécheren, de Kroaten ass en 0:0 géint d'Belsch duergaangen, fir weiderzekommen.

Grupp F

Kroatien, Marokko (béid 4 Punkten) an d'Belsch (3 Punkten) konnte um leschte Spilldag nach allen dräi aus eegener Kraaft weider kommen. Eenzeg Kanada (0 Punkten) war definitiv eliminéiert.

Mat enger Victoire wier et kloer, datt Marokko sécher weider wier. Déi zwee Goler vum Ziyech an dem En-Nesyri an den éischte Minutte vum Match hunn dës Missioun däitlech méi einfach gemaach. Kanada koum an der 40. Minutt nees bäi, dat awer mat vill Pech fir Marokko, wou den Aguerd e Pass wollt klären, mat sengem Agräifen säin eegene Golkipp awer ausgespillt huet. Esou ass et mat engem aus kanadescher Sicht glécklechen 1:2 an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent war Marokko manner aktiv no vir, grad well si mat dësem Score sécher weider wieren, egal wéi déi aner Partie géif ausgoen. An der 71. Minutt hate si awer zwee Mol Chance, well d'Kanadier eng Kéier just d'Lat an eng Kéier knapp iwwert de Gol gekäppt hunn. Et sollten an dëser Partie keng weider Goler falen, esou datt d'Marokko sech als 1. an dëser Grupp konnt duerchsetzen.

Kroatien huet direkt gewisen, wat si an dësem Match wëllen: 3 Punkte mathuelen. Well no 8 Sekonne ware si scho virum Gol vum Courtois opgetaucht, ma de Perisic huet just ganz knapp laascht d'Këscht geschoss. Kroatien war an den éischte Minutte besser an hat no 15 Minutten bal eng gutt Chance, well den Arbitter hat no engem Foul op Eelefmeter decidéiert. Ma de VAR koum eisen Noperen zur Hëllef, well et huet sech erausgestallt, datt virum Foul eng Abseitspositioun virlouch, et war eng Milimeterdecisioun. D'Belsch huet no dëser Situatioun méi matgespillt, ma virum Säitewiessel konnt sech keng Ekipp richteg virum géigneresche Gol duerchsetzen.

Kroatien war och nom Säitewiessel déi besser Ekipp, ma ëmmer nees huet hinnen déi leschte Pass, fir ganz geféierlech virun de Gol ze kommen, gefeelt. An der 61. Minutt hate si du Chance, well e Verteideger sech nach a leschter Sekonn sech an de Schoss vum Carrasco geschmass huet, fir den 1:0 fir d'Belsch ze verhënneren. Direkt drop huet och de Lukaku direkt zwou Grousschancë leie gelooss. No dësen Zeene war d'Belsch am Match an och an der Schlussphas déi besser Ekipp. Kroatien huet weider probéiert, den entscheedende Gol ze schéissen, ma am Ugrëff huet ëmmer déi leschten an decisiv Pass gefeelt.  Bei der Belsch ass zwar wuel de leschte Pass ukomm, ma de Ball sollt net am Netz landen. Grad de Lukaku hat zum Schluss nach zwou grouss Chancen, huet awer zwee Mol net de wichtege Gol fir seng Ekipp konnte markéieren. Dësen 0:0 suergt dann dofir, datt Kroatien als zweeten an der Grupp weider ass, eis Noperen aus der Belsch goufen eliminéiert.

Grupp E

Spannend war et virun de leschte Matcher an der Grupp E. Well all Ekipp, ob Spuenien (4 Punkten), Japan, Costa Rica (béid 3 Punkten) oder Däitschland konnten nach weider kommen. Eenzeg Däitschland misst esouguer am Fall vun enger eegener Victoire op Spuenien hoffen, fir e Weiderkommen ze garantéieren.

Costa Rica - Däitschland

Japan - Spuenien

RTL

D'Tabellen an d'Resultater am Iwwerbléck