Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM: Gruppephas ass gespillt, KO-Phase steet virun der Dier

Nieft der Belsch sinn ënnert anerem och Däitschland, Ecuador an Uruguay fréizäiteg eliminéiert.

Op der Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar ass d'Gruppephas e Freideg den Owend mat de Matcher an der Grupp G ofgeschloss ginn.

Virun allem d'Eliminatioun vun der Belsch an Däitschland an der Virronn sinn ervir ze erhiewen. An och de Katar huet mat 3 Néierlagen d'Seegelen am eegene Land misse sträichen. Soss si gréisser Iwwerraschungen ausbliwwen. Den Titelverdeedeger Frankräich wéi och ënnert anerem Brasilien, England, d'USA a Spuenien hunn et an de nächsten Tour gepackt.

Um Samschdeg ginn déi éischt Matcher an den Aachtelsfinalle gespillt. Hei kritt et um 16 Auer Holland mat den USA ze dinn an um 20 Auer trefft de Lionel Messi mat Argentinien op Australien.

E Sonndeg geet et mat de Matcher Frankräich - Polen an England - Senegal weider, éier e Méindeg Japan géint Kroatien a Brasilien géint Südkorea spillt.

Déi lescht Aachtelsfinalle ginn e Dënschdeg ugepaff. Um 16 Auer spillen Marokko a Spuenien an an der Owespartie triede Portugal an d'Schwäiz géinteneen un.

RTL

Den Iwwerbléck vun den 1/8-Finallen