Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM: Südkorea a Portugal weider, Uruguay a Ghana eliminéiert

Um Freideg goufen déi lescht Matcher vun der Gruppephas am Katar gespillt.

Et war spannend am Grupp H, manner kann een dozou net soen. Laang hat et dono ausgesinn, datt Portugal an Uruguay weider wieren. Ma well Südkorea awer an der Nospillzäit géint Portugal a Féierung gaangen ass an de Match gewonnen huet, hu si um leschte Meter sech fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert.

Grupp H

Portugal war mat 6 Punkten egal wéi sécher eng Ronn weider. Ghana mat 3 Punkten hat et selwer an der Hand, fir nach an déi nächste Ronn ze kommen. Uruguay a Südkorea (béid 1 Punkt) haten zwar nach d'Chance, waren awer vun de Resultater um aneren Terrain ofhängeg.

Portugal huet net laang gefackelt a si si mat der zweeter gréisserer Chance vum Match a Féierung gaangen. Den Dalot hat den Horta esou propper fräigespillt, datt deen nach just den eidele Gol viru sech hat. 27 Minutten huet et gedauert, bis Südkorea geäntwert huet: No engem Corner war de Ball iwwer Ëmweeër bei den Kim Young-Gwon komm, dee seng Faarwen zeréck an de Match bruecht huet. Portugal hat nach dräi gréisser Chancen, ma Dalot, Ronaldo a Vitinha krute de Ball net an de Gol.

Nom Säiteweissel hu béid Ekippen net méi esou zwéngend no Vir gespillt, wéi nach an den éischte 45 Minutten. Zwar gouf et déi eng oder aner Ofschlëss, ma laang näischt Zwéngendes. Dat bis an der Nospillzäit, wéi den Hwang Hee-Chan de Golkipp konnt bezwéngen, nodeem Portugal de Ball net aus dem Siechzéngmeter erauskrut. Fir d'Südkoreaner war dëse Gol wichteg, well si mat dräi Punkte konnte weiderkommen. Dëse Match ass da mam 2:1 fir Südkorea ausgaangen a well am zweete Match kee Gol méi gefall ass, waren d'Koreaner mat dëser Victoire an der Aachtelsfinall.

RTL

© PABLO PORCIUNCULA/AFP

Ghana war am Ufank vum Match besser a gouf an der 19. Minutt, nodeem den Arbitter de VAR ageschalt hat, mat engem Eelefmeter belount. De schwaache Schoss vum Ayew konnt de Rochet awer paréieren. Dono war Uruguay waakreg an et huet knapp fënnef Minutte gedauert, bis den De Arrascaeta vun zwee Feeler an der Defense vun Ghana an engem vum Golkipp ofgeprallte Schoss konnt profitéieren. Den 2:0 huet dann och net laang op sech waarde gelooss. No 32 Minutten war et nees den De Arrascaeta, deen no enger Virlag vum Suarez eleng virum Gol opgetaucht ass. Nom dësem Treffer gouf de Match op béide Säiten e bësse méi ruppeg, ma richteg geféierlech Offensivaktioune si virun der Paus ausbliwwen.

Uruguay war och nom Téi déi méi geféierlech Ekipp an no 57 Minutten hat den Arbitter hinnen en Eelefmeter zougesprach, deen awer vum VAR zeréckgeholl gouf. Ma och dono huet Uruguay weider Drock gemaach a Ghana koum net méi wierklech an de Match zeréck. Et huet du bis zu der 80. Minutt gedauert, bis nees méi virum Gol passéiert ass, ma den Semenyo hat fir Ghana de Ball knapp laascht de Gol geschoss a kuerz drop huet de Rochet am Gol vun Uruguay gutt paréiert. Nodeem et am Stadion den Tour gemaach huet, datt Südkorea am anere Match a Féierung gaangen ass, huet Uruguay nees missten urappen, well bei den aktuelle Score wieren d'Südamerikaner eraus an d'Asiate weider gewiescht. Si hunn zwar den Drock nees erhéicht, et sollt awer näischt méi dobäi eraussprangen. Esou wënn Uruguay zwar 2:0 géint Ghana, muss déi zweete Plaz awer de Südkoreaner iwwerloossen.

Grupp G

6 Punkten hat Brasilien a stoung sécher an der nächster Ronn. D'Schwäiz konnt an hirem Match alles kloer maachen, ouni mussen op den aneren Terrain ze kucken. Ma wéi schonn an der Grupp H kënne Kamerun a Serbien weiderkommen, wa si hiren eegene Match wannen an et um aneren Terrain fir si richteg ausgeet.

Kamerun - Brasilien (20h00)

Serbien - Schwäiz (20h00)

D'Resultater an Tabellen am Iwwerbléck

RTL