Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtballbundesliga: Pellegrino Matarazzo gëtt Trainer bei Hoffenheim

Nodeems d'TSG Hoffenheim e Sonndegowend den André Breitenreiter entlooss hat, soll mam Pellegrino Matarazzo um Dënschdeg ee Successeur presentéiert ginn.

Wéi verschidden däitsch Medie schreiwen, gëtt de Pellegrino Matarazzo neien Trainer vun der TSG Hoffenheim. De Matarazzo ass 45 Joer al an huet souwuel déi US-amerikanesch wéi déi italieenesch Nationalitéit. Fir d'lescht huet hien de VfB Stuttgart trainéiert. Hien hat de VfB am Januar 2020 an der zweeter Bundesliga iwwerholl a rëm zeréck an déi éischt Liga gefouert. An de Saisonen 2020/2021 an 2021/2022 ass d'Ekipp op de Plazen 9. respektiv 15. gelant. Well de VfB dës Saison an deenen éischte néng Matcher net gewanne konnt, gouf hien den 10. Oktober d'lescht Joer entlooss. De Matarazzo huet schonn zu Hoffenheim geschafft. An der Saison 2018/2019 war hie Co-Trainer ënnert dem Julian Nagelsmann bei der TSG. No 19 Spilldeeg an der Bundesliga läit Hoffenheim mat 19 Punkten aktuell op der 14. Plaz an der Tabell.

https://www.rtl.lu/sport/news/a/2027300.html