Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

G20 Sommet an Indien: Kritik un Ofschlosserklärung

De G20 Sommet an Indien ass op en Enn gaangen. Vun der Ukrain gouf et Kritik un der Ofschlosserklärung.

Wéi et vum Spriecher vum ukraineschen Ausseministère heescht, hätten d'Memberstaate vun de G20 de Krich am Land kloer verurteele missen. Ma an der Erklärung geet nëmmen am Allgemenge vun der territorialer Integritéit vun de Staate rieds.

Ee grousse Projet, deen um Sommet diskutéiert gouf, war iwwerdeems dee vun engem neie Korridor fir de Schëffs- a Schinnentransport, deen Indien mam Noen Osten an Europa verbanne soll. Ënner anerem den US-President Joe Biden ass nach eng Kéier besonnesch op dëse Projet agaangen, deen zum Deel als Géigenentworf zu der sougenannter neier chineesescher Seidestrooss geduecht ass.