Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gebärmutterhalskriibs: Reegelméisseg testen, kann de Risiko miniméieren

Eng Infektioun mat Papillomvire verleeft ouni Symptomer, kann awer och zu Onfruchtbarkeet oder Kriibs féieren, wa se laang net entdeckt gëtt.

Gebärmutterhalskriibs gëtt quasi ëmmer vun enger Infektioun mat Papillomviren ausgeléist. Nieft der Impfung, déi am jonken Alter sollt gemaach ginn, ka reegelméissegt Testen hëllefen, de Virus ze detektéieren. D'Monica Camposeo huet sech ugekuckt, wéi dat am LNS geet.

600 bis 800 Frottien, déi d'Gynekologe maachen, lande pro Dag am Nationale Gesondheetslabo. Op den HPV, also de Papillomvirus, gëtt awer net direkt getest, mee just, wann de Frotti eng Anomalie opweist, erkläert den Dr. Marc Fischer, Responsabel vum Service fir Gynekologesch Cytologie am LNS. Ass e Co-Testing gewënscht, da muss de Fraendokter oder d'Fraendoktesch dat explizitt ufroen. Da gëtt mat der nämmlechter Prouf vun der Patientin den HPV-Test gemaach.

De Co-Testing ass eng Zort duebelen Test a gesäit vir, dass den HPV-Test parallel gemaach gëtt mam normalen Cytologie-Test, also deem Test, deen d'Zellverännerung kuckt. Dat géing fir d'Patientinnen eng gréisser Sécherheet bidden. An eng detektéiert Infektioun mam Papillomvirus reduzéiert de Risiko, Gebärmutterhalskriibs ze entwéckelen.

Den Dr. Marc Fischer gëtt och nach ze bedenken, dass e verpasste Kriibs net just fir d'Patientin schwéier Konsequenzen huet. Mee och um finanzielle Plang fir d'Allgemengheet kascht eng Kriibsbehandlung vill méi. Fir déi Zomm kéint ee ganz vill Frottien fir 25€ d'Stéck reegelméisseg maachen, esou de Responsabel vum zoustännege Service am LNS.

Den HPV-Test gëtt ausserdeem och vun der CNS iwwerholl a géing aktuell manner wéi 50€ kaschten.

Gëtt da beim Frotti eng Zellverännerung festgestallt, da ka bei der Patientin eng sougenannt Konisatioun gemaach ginn.

D'Maria Slinko, Cytotechnicienne am LNS, erkläert, dass dann d'Geweebe a Form vun engem Cône am Gebärmutterhals ewechgeholl an am Labo analyséiert gëtt. Wa festgestallt gëtt, dass sech déi béisaarteg Zellen net weider verbreet hunn, ass an deene meeschte Fäll d'Therapie fir d'Patientin ofgeschloss. Et bleift da weiderhin déi reegelméisseg Kontroll.