Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gedenken un d'Mahsa Amini: Op der Clairefontainesplaz gouf op d'Mëssstänn am Iran opmierksam gemaach

Op der Clairefontainesplaz an der Stad gouf en Donneschdeg den Owend der verstuerwener Mahsa Amini geduecht.

Déi jonk Fra war de 16. September zu Teheran gestuerwen. Nodeems se vun der Sittepolice festgeholl gi war, well se déi streng Kleederuerdnung net respektéiert soll hunn.

D'Protestaktioun en Donneschdeg den Owend op der Clairefontainesplaz gouf vun der Associatioun vun iranesche Studenten zu Lëtzebuerg organiséiert. Nieft dem Gedenken un d'Mahsa Amini gouf och op déi onmënschlech Zoustänn am Iran opmierksam gemaach. Et goufe jo massiv Protester am Land nodeem déi 22 Joer al Fra gestuerwen ass. D'Manifestatioune sinn doropshi vun den iraneschen Autoritéite brutal néiergeschloe ginn, mat souguer Doudesaffer.