Dat a Russland inhaftéiert Brittney Griner kënnt fräi. Déi US-amerikanesch Basketspillerin gëtt géint de russesche Waffenhändler Wiktor But agetosch.
Dëse war 12 Joer laang an engem US-amerikanesche Prisong agespaart.
Den Tosch ass, wéi et an engleschsproochege Medien heescht, schonn iwwer d'Bün.
D'Brittney Griner war am Februar um Fluchhafen zu Moskau festgeholl ginn, well si Cannabis-Ueleg bei sech hat. Si war déi lescht Zäit an engem Stroflager a Russland.
Am Summer hat d'Administratioun vum US-President Joe Biden en Echange vu Prisonéier proposéiert, fir d'Basketspillerin fräi ze kréien. Dat am Wëssen, dass Russland schaarf op d'Fräiloossung vum But ass.
De Wiktor But huet Waffen u Cheffe vu kriminelle Banden verkaaft, u sougenannt "Warlords" respektiv un net-unerkannte Regierungen. Hie war laang ee vun de meeschtgesichte Kriminellen.
Hien huet souguer d'Inspiratioun geliwwert, fir de bekannten Hollywood-Film "Lord of War".
Den Tosch goung zu Abu Dhabi um Fluchhafen iwwer d'Bün.
Wéi den US-amerikanesche President Joe Biden iwwer Twitter matgedeelt huet, soll sech d'Basketspillerin schonn am Fliger um Wee zeréck an d'USA befannen.