Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gehälteraccord beim Staat: OGBL wëll bei de Verhandlunge mat um Dësch sëtzen

Wéi et vum OGBL heescht, hätt een d'Majoritéit an deene Secteuren, déi direkt um Gehälterofkommes fir den ëffentlechen Déngscht mat drunhänken.

Deemnächst gëtt iwwert en neie Gehälteraccord an der Fonction Publique verhandelt. Ma och wann d'CGFP d'Gewerkschaft wier, déi d'Leit, déi beim Staat schaffen, vertrëtt, wier den Onofhängege Gewerkschaftsbond gär bei dëse Verhandlungen dobäi. Dat huet den OGBL en Dënschdeg de Moien op en Neits gefuerdert. Op eng entspriechend Demande hätt ee vum zoustännege Minister nach keng Äntwert kritt.

Wéi et vum OGBL heescht, hätt een d'Majoritéit an deene Secteuren, déi direkt um Gehälterofkommes fir den ëffentlechen Déngscht mat drunhänken, esou zum Beispill bei der CFL an am  Fleegesecteur. Am Ganze wären 41.000 Persounen un dëse Gehälteraccord gebonnen.
Och d'Bezuelung an anere Secteuren, ewéi deem vun der Héichschoul an deem vun der Fuerschung, missten dem OGBL no nees un den Accord Salarial vun der Fonction Publique gekoppelt ginn.

Den OGBL fuerdert jo, dass de Punktwäert an der Fonction Publique ëm 5 Prozent erhéicht gëtt.