Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Géint ëmstridde Rentereform: A Frankräich ass en Dënschdeg e weideren nationale Streik geplangt

Vun dësem Méindeg u gëtt d'Reform an der Assemblée National debattéiert. Iwwer 20.000 Amendementer fir den Text goufen agereecht.

Et ass dat gréisste politescht Sträit-Thema den Ament a Frankräich: déi geplangten Pensiounsreform. D’Assemblée nationale debattéiert vun dësem Méindeg un iwwert den Text, dee jo virgesäit, dass de Rentenalter bis 2023 op 64 Joer soll gehuewe ginn. Vun 2027 u wieren deemno schonn 43 Cotisatiouns-Joren virgesinn, deels esouguer 44.

Et gi schonn net manner wéi 20.000 proposéiert Amendementer.., déi meescht dovu vun der Oppositioun.

D’Premierministesch Elisabeth Borne hat eréischt en Donneschdeg an engem Interview op France 2 d’Reform verdeedegt, ouni déi de solidaresche Pensiounssystem längerfristeg net méi ze bezuelen wier.

Enger Majoritéit vun de Fransousen gefält dat Ganzt awer net. Fir en Dënschdeg ass dann och e weidere Streikdag vun de Gewerkschaften annoncéiert.