Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gemeinsam Fuerderung vun LCGB an CSC: 54 Deeg Teletravail fir belsch Frontalieren

54 amplaz déi aktuell 34 Deeg Teletravail fir déi belsch Frontalieren, dat fuerdere den LCGB an déi belsch Gewerkschaft CSC.

Wéi et an engem gemeinsame Schreiwes vu béide Gewerkschaften heescht, géif dës Revendicatioun aus der Generalversammlung vun der gemeinsamer Kommissioun vun den zwee Syndikater resultéieren. Generell sollen d'belsch Frontalieren déi nämmlecht Rechter a Flichten hunn, ewéi d'Salariéen déi am Grand-Duché wunnen. Eréischt am August 2021 war um bilaterale Sommet mat der Belsch en Accord fonnt ginn, fir den Teletravail fir belsch Frontalieren vu 24 op 34 Deeg ze verlängeren. Fir den LCGB a seng belsch Kolleegen war dat e Schratt an déi richteg Richtung, mä et wär nach Loft no uewen, sou de Carlo Wagener vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond. „Et gëtt ee Seuil op EU-Niveau vun deem wat een däerf am Teletravail maachen, bis een an d'Sozialversécherung vun engem anere Land fält. Dat heescht bis een och seng Pensiouns- a seng Krankekeess am Land wou ee wunnt muss bezuelen. Dee läit bei engem Véierel vun der Aarbechtszäit am Joer. Fir déi zwee Seuilen z'alignéieren hu mir eis Fuerderung gestallt, fir do op 56 Deeg eropzegoen."

Virun allem d'belsch Regierung gëllt et z'iwwerzeegen. Si ass net begeeschtert, wa belsch Frontalieren zu Lëtzebuerg Steieren a Krankekeess bezuelen, am Homeoffice awer méi intensiv déi belsch Infrastrukturen notze géifen. Den LCGB trëtt un déi Lëtzebuerger Politik erun. „D'Belsch Gewerkschaft CSC stellt déi selwecht Fuerderung un d'belsch Autoritéiten. Well also heeschen, dass mir do vun eiser Bipolaritéit als zwee Syndikater profitéieren fir déi Saachen do duerchzesetzen."

D'Gewerkschafte fuerderen iwwerdeems, dass et fir d'Kanner vun de belsche Frontaliere manner komplizéiert gëtt, eng Lëtzebuerger Studentebourse ze kréien. Do wär de Pabeierkrich bei méi spezifesche Familljekonstellatiounen den Ament awer grouss, esou den Carlo Wagner.

Fir Stauen op der Areler Autobunn z'evitéieren, misst iwwerdeems de ganzen Transport fir d'belsch Frontaliere fir näischt sinn – och nees eng Revendicatioun virop un déi belsch Autoritéiten. Bei der extraer Spuer fir de Covoiturage gouf och net kooperéiert, bedauert de Carlo Wagener. „Déi gouf jo just op der belscher Säit installéiert, ouni dass dat mat de Lëtzebuerger richteg concertéiert gouf. Lo ass nach keng konkret Suite op der Lëtzebuerger Säit an Aussiicht."

Iwwerdeems missten d'Park and Ride-Infrastrukturen am Grenzgebitt verbessert ginn.