Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Gemenge prett fir eng manner streng Iwwerwaachung vum Interieur": Neien Iwwerwaachungssystem vun der kommunaler Gestioun presentéiert

En Dënschdeg de Moien huet d'Inneministesch Taina Bofferding den neien Iwwerwaachungssystem vun der kommunaler Gestioun presentéiert.

D'Gemenge wieren der Ministesch no prett fir eng manner streng Surveillance vum Interieur.
Mat deem neie System géif d'Unzuel vun den Dossiere reduzéiert ginn, déi vum Staat kontrolléiert musse ginn. Ausserdeem wäerten d'Delaien, fir en Akt ze approuvéieren oder ze refuséieren, kloer gereegelt ginn an den Austausch vun elektroneschen Dokumenter gëtt garantéiert.

De gréissten Defi wier et gewiescht all d'Prozeduren ze digitaliséieren. Op enger neier Plattform mam Numm e-MINT kënnen d'Gemengen an Zukunft ënnert anerem permanent gesinn, wou eenzel Dossieren dru sinn. Vum 1. Februar 2025 u wäerten all d'Kommunikatiounen tëscht de Gemengen am Interieur iwwert déi Plattform lafen.