Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gemengewalen: Kuerzen Iwwerbléck iwwer d'Gemengen am Bezierk Zentrum

Den Ufank mécht d'Maxime Gillen mam Bezierk Zentrum.

Kuerzen Iwwerbléck iwwer d'Gemengen am Bezierk Zentrum / Reportage Maxime Gillen

Mat ronn 1.300 Awunner ass Fëschbech déi klengst vun den 21 Zentrumsgemengen. An der Majorzgemeng ass den aktuelle Buergermeeschter Fränk Daems net méi mat ugetrueden. Dofir awer d'Marianne Brosius-Kolber, déi virum Fränk Daems méi wéi 10 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung. Zu Noumer trëtt dee ganze Schäfferot net nach eng Kéier mat un. Ma gewielt gëtt hei souwisou net. Op d'mannst net elo. Et hu sech nämlech just 7 Leit fir déi 9 Poste gemellt, esou dass et wäert musse Komplementarwale ginn. D'Buergermeeschtesch Sophie Diderrich steet dofir awer scho fest.

Déi zweet Gemeng, an där muer net wäert gewielt ginn, ass Weiler zum Tour. De Vincent Reding bleift hei deemno weider um Rudder.

An der Gemeng Lëntgen geet den Henri Wurth no 30 Joer als Buergermeeschter an déi politesch Pensioun. Zu Lëntgen gëtt dann och eng éischte Kéier am Proporzsystem gewielt. D'Wieler hunn hei de Choix tëscht der DP an zwou Biergerlëschten. Eng dovun gëtt ugefouert vum gréngen Deputéierte Charles Margue.

Weider sécher Wiessel un der Spëtzt ginn et zu Schëtter an zu Nidderaanwen. Zu Colmer-Bierg trëtt och kee vun den 2 aktuelle Schäffe méi un.

E Systemwiessel vu Majorz zu Proporz gëtt et och zu Helperknapp. De Paul Mangen, dee bei de leschte Walen hei déi meeschte Stëmmen hat, ass 2019 zeréckgetrueden. Zanterhier heescht de Gemengepapp Frank Conrad.

An den dräi gréisste Gemengen no der Stad geet d'Zuel vun de Sëtz erop. Zu Miersch an zu Stroossen op 15 an zu Hesper op 17 Sëtz.

An der CSV-Héichbuerg Hesper hunn dës Legislatur weider de Kampf fir e Contournement an d'Geriichtsaffär géint Gemengebeamten, déi iwwer Joerzéngten substantiell Zommen detournéiert hunn, dominéiert. D'Fro ass deemno och, ob d'CSV hier 45 Prozent Majoritéit vun der leschte Kéier kann halen.

Zu Miersch stellt een sech déi nächst Joren op gréisser Chantieren an, mat ënnert anerem dem Bau vun engem 4.800 Quadratmeter-grousse Konferenzzentrum. Politesch hat bei de leschte Wahlen d'DP knapp d'Nues vir, virun der CSV an déi gréng.

Zu Stroossen hat wärend der leschter Legislatur de Buergermeeschter no der Hallschent vun der Zäit gewiesselt. Dat war am Koalitiounsaccord tëscht LSAP an CSV esou festgehale ginn. Déi meeschte Stëmmen hat 2017 allerdéngs d'DP.

E Buergermeeschterwiessel wärend der Legislatur gouf et och zu Steesel. 2021 huet hei de Buergermeeschter Jempy Klein, no 34 Joer op deem Posten, demissionéiert.

Am längste gezielt hu se déi leschte Kéier iwwregens zu Schëtter.