Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Generaldirekter confirméiert: 6 Kardiologe vum Centre Hospitalier du Nord wëlle kënnegen

Dës Woch hu 6 Kardiologen dem Hôpital du Nord matgedeelt, datt si demissionéiere wëllen. Dat confirméiert de Generaldirekter Paul Wirtgen am RTL-Interview.

D'Direktioun wier virun 3 Deeg driwwer informéiert ginn, datt d'Dokteren hiren Agrement fir d'nächst Joer wéilten ophalen. De Centre Hospitalier du Nord muss sech elo nei Doktere sichen.

D'Kardiologie géif awer am Spidol zu Ettelbréck bleiwen. De Service géif sécher oprechterhale bleiwen, sou de Wirtgen am RTL-Interview.

Den Dokter Wirtgen wëll d'nächst Woch nach emol d'Gespréich mat den Doktere sichen. De Generaldirekter vum Centre Hospitalier du Nord huet am Interview och bedauert, datt bis elo nach keen Accord konnt fonnt ginn iwwert dat d'Dokteren am Spidol hir Garden an Astreinte bezuelt kréien.

Jidderee wier dofir, mä leider wier nach näischt ëmgesat. De Paul Wirtgen rechent awer mat enger Decisioun elo am Hierscht.