Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Geriicht zu Frankfurt: Laang Prisongsstrofe fir Bedreiwer vu Kannerpornographie-Websäit

D'Säit "Boystown" am Darknet hat iwwer 400.000 User-Konten aus der ganzer Welt. D'Plattform gouf vun e puer Männer bedriwwen, déi elo verurteelt goufen.

Wéi d'Säit 2021 vum Frankfurter Parquet ofgeschalt gouf, gouf et iwwer 1 Millioun Bäiträg am Forum. Deels waren dëst Opname vu schwéierster sexueller Gewalt u Kanner.

Ee vun de Männer, e Mann vun 49 Joer aus Bayern, gouf dowéinst elo vum Landgeriicht zu Frankfurt zu 12 Joer Prisong verurteelt. Dono gëtt et nach déi sougenannt "Sicherungsverwahrung", wat bedeit, datt de Mann och no senger Strof net komplett op fräie Fouss kënnt. En 42 Joer ale Mann aus Paderborn gouf zu zéng Joer Prisong mat "Sicherungsverwahrung" verurteelt.

E 60 Joer ale Mann, deen am Paraguay verhaft gouf, muss aacht Joer an de Prisong an e 66 Järegen aus Hamburg krut siwe Joer.