Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gewannt exklusiv Ticketen op RTL: De Robbie Williams steet den 10. Juli nach emol zu Lëtzebuerg op der Bün

Mëtt Dezember hu vill Fans sech den 11. Juli rout ugestrach um Kalenner. Deen Dag steet de Robbie Williams bei der Luxexpo op der Bün.

Scho mam Annonce, dass de Megastar Robbie Williams am Kader vu senger "XXV Tour" och op Lëtzebuerg kënnt, war et ville Fans kloer - un Tickete kommen, dat gëtt wuel net einfach. Verwonnerlech war do also net, dass den Open-Air-Concert den 11. Juli bei der Luxexpo an Nullkommanäischt ausverkaaft war.

Ëmsou méi dierft et déi vill traureg Fans, déi keen Ticket kruten, freeën, dass elo en zousätzlechen Datum dobäi kënnt. Den 10. Juli, dat heescht een Dag virum schonn annoncéierten Open-Air-Concert, kann ee de Robbie Williams deemno schonn um Parvis vun der Luxexpo bewonneren.

D'Tickete ginn e Mëttwoch 1. Februar 2023 um 10 Auer um Internetsite vum Atelier an d'Vente.

Gewënnspill


RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Robbie Williams" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt mat e bësse Chance Är Koppel
"Golden-Circle" Ticketen - extra no un der Bün.

Vill Gléck!