Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gigantesche Leak: Screenshots a Videoe weisen éischte Gameplay vu GTA 6

Gaming News - Gigantesche Leak

Allerdéngs gëllt hei wéi ëmmer, dass d'Material, dat ee gesäit, net offiziell confirméiert gouf, obwuel een dovunner ausgoe kann, dass et kee Fake ass.

De Leak, deen e Sonndeg geschitt ass, ass dann och extrem grouss, online zirkuléiere Videoen vun iwwert enger Stonn, déi Biller a Videoen, Maps, Waffen, Personnagen, Ëmgéigenden an och Missioune weisen. Den Entwéckler Rockstar wäert sech heizou net äusseren a ass och massiv am Gaangen déi geleakte Videoen a Biller nees erofzehuelen.

RTL

© youtube

Opgedaucht sinn d'Biller an de Gameplay, déi warscheinlech vu GTA 6 stamen, e Sonndeg op GTA Forums a Reddit opgedaucht (Dës Videoen kéinten allerdéngs relativ séier nees erofgeholl ginn, well Rockstar natierlech dogéint virgeet). Dës solle vun engem Hacker kommen, deen sech Zougang op den interne Slack, also de Kommunikatiounstool vun der Firma Rockstar, verschaaft huet. Wéi ugeholl gëtt, sollen awer viel Biller aus dem Joer 2019 oder 2020 stamen. Fest steet, vill Opnamen dierften zimmlech al oder nach net fäerdeg sinn. Dass d'Opnamen allerdéngs reel sinn a vu Rockstar kommen, dierft sécher sinn.

A Videoen déi zirkuléieren weisen de Setting vu GTA 6, d'Haaptfiguren, Waffen, Missiounen a vill Gameplay-Elementer. Ënnert anerem ass eng weiblech Protagonistin ze gesinn, déi eng Schéisserei mat der Police huet. Dës Protagonistin soll Ähnlechkeeten mat der Schauspillerin Alexandra Christina hunn, déi schonn am Virfeld vum Leak als Haaptpersonnage gehandelt gouf. Ma och de männlechen Haaptcharakter ass ze gesinn.

RTL

© youtube

Dobäi kommen nach Gebaier, déi eendeiteg wéi Plazen zu Vice City ausgesinn, dobäi gesäit een Opnamen vun engem Stripclub. Och wéi den Inventar soll ausgesinn, gouf an de Leaks gewisen.