Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gläich net méi op Twitter?: Bundeskanzler a säin Team préiwen, fir Twitter-Accounts zouzemaachen

Zanter den Elon Musk d'Kontroll iwwer Twitter iwwerholl huet, wier d'Entwécklung vum soziale Medium onkloer, heescht et aus dem Kanzleramt.

Dowéinst géif den Olaf Scholz elo préiwen, ob et méiglech wier, den Twitter-Account zouzemaachen. "De Bundeskanzler a säi Presseteam kucke sech d'Entwécklung vun Twitter, zanter deem den Elon Musk d'Kontroll iwwerholl huet, genau un", sot de Regierungsspriecher Steffen Hebestreit am Interview mam Redaktionsnetzwerk Deutschland. Et géif een ofweien tëscht der Entwécklung vun der Plattform op der enger an méiglechen Alternativen op der anerer Säit.

"Mir hunn den Optrag, breet iwwer d'Aarbecht vun der Bundesregierung ze informéieren a wëllen dofir méiglechst vill Kanäl notzen, fir d'User do z'erreechen, wou si sech souwisou informéieren." Twitter wier dobäi ee vun der leschter Regierung etabléierte Wee. De Kanzler selwer huet 600.000 Follower an de Regierungsspriecher 100.000. Et wier scho kuerz driwwer diskutéiert ginn, fir dësen Informatiounswee direkt komplett zouzemaachen, ouni eng Alternativ ze hunn, esou den Hebestreit. Dëst ass awer net passéiert. "Trotzdeem kënne mir net d'Aen zoumaachen, wann op dësem Netzwierk problematesch Entwécklungen ëmmer méi grouss ginn."