Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grammy Awards: D'Beyoncé krut 4 Grammyen an huet domat en neie Rekord opgestallt

D’Beyonçé ass zanter dëser Nuecht déi Musekerin, déi am dackste mat engem Grammy ausgezeechent gouf.

4 Stéck huet si hënt zu Los Angeles gewonnen a kënnt domadder am ganzen op 32, där wichtegster Präisser an der Musekswelt.

De Rekord vu bis ewell hat den ungaresch-amerikaneschen Orchester-Dirigent Georg Solti, mat 31 Grammyen.

D’Zeremonie zu L.A. war hënt fir déi 65te Kéier.

D’Viola Davis ass iwwregens dem exclusive Club vum EGOT bäigetrueden. Si krut nämlech e Grammy fir d’Audio-Versioun vun hire Memoiren, an huet domadder déi 4 grouss US-Titelen op d’mannst eemol gewonnen, also en Oscar, en Emmy, en Tony, an elo dann och e Grammy.

D'Lidd vum Joer ass "Just like that" vum Bonnie Raitt.

Album vum Joer ass "Harry's House" vum Harry Styles.

RTL