Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grouss Verkéierskontroll zu Helsem: 48 vun 100 Chauffere kruten e Protokoll, eng Persoun dono ze Fouss ënnerwee

National - Grouss Verkéierskontroll zu Helsem

En Donneschdeg am Nomëtteg hat d'Police eng Verkéierskontroll zu Helsem am Kader vun der Campagne "Gutt gesinn" duerchgefouert.

Bei der Kontroll vu bal zwou Stonne waren 20 Beamten aus verschiddenen Unitéiten aus der Policeregioun Zentrum-Osten am Asaz. 100 Automobiliste goufe kontrolléiert an 80 Mol gouf sech net un de Code de la route gehalen.

An 48 Fäll gouf protokolléiert, ënner anerem well:

  • 23 Mol den Handy wärend dem fuere benotzt gouf
  • 14 Mol d'Luuchten entweder net an der Rei waren oder an der Däischtert, respektiv wéinst schlechte Wiederverhältnisser net u waren
  • 3 Leit waren net ugestréckt
  • 2 Chauffere sinn duerch Rout oder duerch Orange gefuer

Wéi d'Police präziséiert,gouf et och e Protekoller well iwwerholl gouf trotz Iwwerhuelverbuet, kee valabele Permis konnt gewise ginn, d'Pabeiere vum Gefier net an der Rei waren oder d'Placken net uerdentlech ze gesi waren.

Do dernieft gouf et nach 22 Verstéiss well sech falsch geparkt gouf an ee Protokoll vun engem Automobilist, deen ënner Alkohol- an Drogenafloss stoung, gouf un de Parquet weidergeleet. Dës Persoun duerft och net méi weiderfueren an huet den Auto nach op der Plaz misse stoe loossen.