Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grujeleg Decouverte fir d'Awunner: Bluddeg Ausernanersetzung am Garer Quartier: Persoun huet mussen operéiert ginn

D'Ausernanersetzung hat net just Konsequenze fir d'Männer, mä och fir d'Awunner. Deenen huet sech moies an hirem Gank eng grujeleg Zeen presentéiert.

E Sonndeg den Owend géint 23 Auer huet eng Policepatrull an der Stroossbuerger Strooss zwou Persounen ugetraff, déi hefteg unenee gerode waren. Béid Männer ware voller Blutt an hate Wonnen, déi wuel duerch e spatze Géigestand zustane koumen. Et gouf direkt Verstäerkung ugefrot, grad ewéi zwou Ambulanzen.

Kuerz drop huet ee Bedeelegte mussen immobiliséiert ginn an e krut Handschellen ugedoen, nodeems en e klengt Messer ewechgeheit huet. De Mann koum fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol, fir duerno weider um Policebüro befrot ze ginn.

Den anere Mann gouf nach op der Plaz vun engem Dokter medezinesch behandelt, éier en am Spidol huet mussen operéiert ginn. Dësen hat sech ufanks hefteg gewiert, éier d'medezinescht Personal sech iwwerhaapt ëm hie konnt këmmeren.

Bei der weiderer Enquête op der Plaz goufen am Aganksberäich vun engem Appartementshaus e sëllege Bluttspuere fonnt. D'Spueresécherung vun der Police huet sech dësen ugeholl.

Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte géint béid Männer gemaach, dëst bis dass weider Resultater aus der Enquête ervirginn.

Awunner goufen net informéiert: Mat Blutt am Gank opgestanen

Esou eng Ausernanersetzung huet dann net just Konsequenze fir déi implizéiert Persounen, d'Police oder d'Rettungsdéngschter, mä och déi Persounen, déi bei esou Plaze wunnen, mussen domadder ëmgoen. D'Kolleege vu 5minutes  hu mat enger Zeie geschwat, déi an deem Haus wunnt, wou déi bluddeg Messerpickerei war. Wéi d'Fra um Méindeg de Moie wollt aus hirem Haus erausgoen, ware Gank, Dieren, Buedem a Mauere voller Blutt. Et war wéi "eng Zeen aus engem Horrorfilm", sot d'Fra.

Doropshin huet si d'Police alarméiert, och, well si un der Mauer Pechbiller gesinn huet, déi d'Zentimeter gemooss hunn, wéi an engem Policefilm. Vun de Beamte krut si confirméiert, datt d'Police op der Plaz war an alles gereegelt wier. Och huet d'Persoun um Telefon hir ze verstoe ginn, datt et net un der Police wier, fir ze botzen. "Et hätt een eis awer op d'mannst informéiere kënnen. Stellt Iech emol vir, hei gi Kanner erof a gesinn dat", sot déi d'Zeien de Kolleege vun RTL 5minutes. Vun der Police koum d'Erklärung, datt een net um Hallefnuecht d'Leit aus dem Bett wollt geheien. Fir datt d'Leit am Haus an och hir kleng Schwëster dës Zeen net huet musse gesinn, huet d'Fra selwer decidéiert, de Gank ze botzen, datt um Méindeg de Moie géint 6.15 Auer.

RTL

© RTL Mobile Reporter

Weider Detailer bei de Kolleege vu 5minutes