Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grujeleg Dot an Thailand: Mann bréngt 32 Mënschen an enger Crèche ëm, dorënner 23 Kanner

RTL

© LILLIAN SUWANRUMPHA / AFP (Archiv)

E Mann, dee mat enger Schosswaff, engem Gewier a mat engem Messer arméiert war, huet an Thailand eng Crèche gestiermt an op d'mannst 32 Leit ëmbruecht.

Wéi et vun der Police heescht, wieren d'Hannergrënn vun der Dot nach net kloer. Geschitt ass dësen dramatesche Virfall an der nërdlecher Provënz Nong Bua Lam Phu. Ënnert den Doudesaffer sinn och op d'mannst 23 Kanner, esou d'Police.

Den Täter, en Ex-Polizist vun 34 Joer, huet no senger Flucht aus der Crèche seng Famill an dono sech selwer ëmbruecht, dat huet d'AFP confirméiert kritt.