Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Haislech Gewalt: Laang Waardelëscht: Ronn 65 Fraen hoffen op eng Plaz am Fraenheem

Et ass eng batter Realitéit: d'Fraenhaiser hei am Land si voll, eng Rei Betraffener bleiwe weider an abusive Liewenssituatioune gefaangen.

Am Juli 2018 huet d'Chamber de Projet de Loi ugeholl, deen d'Konventioun vun Istanbul zu Lëtzebuerg soll ëmsetzen. Par Rapport zu de Fraenheemer steet am Artikel 23 vun dëser Konventioun: "Les Parties prennent les mesures législatives ou autres nécessaires pour permettre la mise en place de refuges appropriés, facilement accessibles et en nombre suffisant, afin d’offrir des logements sûrs pour les victimes, en particulier les femmes et leurs enfants, et pour les aider de manière proactive."

D'Realitéit gesäit awer anescht aus. Den Ament waarden hei am Land ronn 65 Fraen dorop, eng Plaz an engem Fraenheem ze kréien – déi betraffe Kanner net inclus. "Bis zu engem Joer kann ee schonn op esou enger Waardelëscht stoen, bis een eng Plaz an enger kritt", seet d'Sandra Antinori, déi zesumme mam Caroline Stella d'Fraenhaus vun "Femmes en Détresse" leed.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng global Waardelëscht fir all d'Fraenheemer aus dem Land. Schonn ëmmer hu sech d'Nimm op dëser Lëscht geheeft. Ma déi aktuell Logement-Kris géif deem Ganzen eng aner Envergure ginn an dofir suergen, datt d'Waardezäit vun den Affer méi laang gëtt.

Fir d'Victimmen (a Kanner) wier et immens schwéier, um private Marché oder souguer iwwert de Wee vun de sozialen Acteuren (Fonds du Logement, SNHBM, ...) un eng Wunneng ze kommen. Dat géif natierlech de Sejour an de Fraenhaiser verlängeren. Amplaz vu 4 Méint séissen d'Fraen (a Kanner) beispillsweis bis zu engem Joer am Foyer fest, dee jo eigentlech als Iwwergangsléisung geduecht ass. A wann keng Fraen erausginn, kënnen och keng nei eran. D'Waardelëscht, respektiv d'Waardezäite ginn also ëmmer méi laang.

An wann ee vu Violence domestique schwätzt, kann een net nëmme vu physescher Gewalt schwätzen. Zwar gi virun allem am Kontext vu kierperlechen Aggressiounen am Stot Wegweisungen ordonéiert – an et sinn och virun allem Affer vu kierperlecher Violence, déi sech a Situatiounen erëmfannen, déi vun den Autoritéiten als liewensgeféierlech agestuuft ginn. Donieft ginn et awer och aner Forme vun haislecher Gewalt wéi déi mental, sexuell an och ekonomesch, déi zesummen oder getrennt vun der kierperlecher vun den Täter duerchgezu ginn.

Nach bis den 10. Dezember leeft d'Sensibiliséierungswoch "OrangeWeek". Am Fokus stinn d'Affer vun der Violence domestique. D'Imane (40) an d'Debora* (40) sinn esou Affer. Si hunn de Courage fonnt, fir enger RTL-Ekipp hir Geschicht ze zielen an domat d'Leit dobaussen op d'Thema vun der haislecher Gewalt opmierksam ze maachen.

Wann och dir Fäll vun haislecher Gewalt kennt oder selwer erlieft, mellt Iech w.e.g bei der Police um 113 oder bei der Helpline 20 60 10 60. Weider Infoe fannt Dir och um Site vu Femmes en Détresse oder op www.violence.lu.

* Numm vun der Redaktioun geännert