Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Haiti: Ausgeaarte Protester no Kierzung vu Subventioune fir Pëtrolsproduiten

No den Annoncen, datt d'Subventioune fir Bensinn, Diesel a Co gekierzt ginn, koum et zu onschéinen Zeenen an de Stroosse vun Haiti.

Ënner anerem gouf an der Stad Gonaives en Donneschdeg e Lager vum WFP mat 1.400 Tonne Liewensmëttel ausgeraumt an e Bürosgebai an der Géigend a Brand gesat. Dat huet d'UNO matgedeelt, zu deenen de World Food Programme gehéiert.

Wéi aus lokale Medien heescht, hätt et och an der Haaptstad Port-au-Prince gewaltsam Ausernanersetzunge ginn. Schonn zanter Deeg behënnere Protester a Stroossespäre mat Pneuen, déi brennen, d'Stroossen an der Haaptstad vun der Insel an der Karibik.

Zanter e Méindeg huet d'Intensitéit vun de Protester och zougeholl. Dat, nodeem den Interimspresident Ariel Henry annoncéiert hat, d'Subventioune fir Pëtrolsproduite ze kierzen. Domadder wollt d'Politik sécherstellen, dat genuch Brennes fir jiddereen do ass.