Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball-Championnat: Käerjeng wënnt däitlech géint Miersch, Dikrech hëlt wichteg Punkten zu Rëmeleng

Esch konnt da der Favoritteroll um Standard gerecht ginn an en Dënschdeg haten d'Red Boys sech géint Bierchem an Diddeleng géint Schëffleng duerchgesat.

E Mëttwoch war den Handball Esch um Standard op Besuch an d'Favoritten hu sech hei kloer mat 38:24 behaapt. Scho fréi am Match hu sech déi Escher ofgesat an hate schonn an der Paus en Avantage vun 9 Goler, dat bei 17:8. Dëse konnte si dann och nom Säitewiessel weider ausbauen.

Dikrech hëlt wichteg Punkten zu Rëmeleng. 20 Minutte laang war et en ausgeglachene Match, wou d'Ekippe Mol gläich oder Mol zwee Goler Ecart dotëscht waren. Ma tëscht der 20. an 30. Minutt huet Dikrech aus engem 8:7 en 14:8 gemaach an domadder de Grondsteen fir d'Victoire geluecht. Rëmeleng hat dann och de Start an déi 2. Hallschent verpasst, et stoung no 40 Minutten 12:21, a vun deem Réckstand konnte si sech net erhuelen. Si koumen nach lues a lues bäi, mat zum Schluss verléiert d'Heemekipp awer 25:30.

An der leschter Partei vun dësem Spilldag haten déi MierscherKäerjeng op Besuch. Eng 20 Minutte konnt d'Heemekipp mathalen ma dono huet Käerjeng aus engem 13:11 bis zur Paus en 21:13 gemaach. An der zweeter Hallschent hu si dunn net méi genau mat deem selwechten Tempo wéi déi lescht 10 Minutte virum Téi weidergespillt, konnten hir Avance awer nach liicht ausbauen. Zum Schluss spréngt en  37:25 eraus.

Dënschdeg

D'Red Boys DéifferdengBierchem duerchsetzen. D'Haushären louche schonns an der Paus am Avantage a konnten no enger ausgeglachener zweeter Hallschent eng wichteg Victoire feieren. Domat bleift d'Ekipp vun Déifferdeng weiderhin ongeschloen.

DiddelengSchëffleng duerchgesat. Schonns an der Paus louch d'Ekipp aus der Forge du Sud mat 9 Punkten am Avantage, deemno konnte si et an der zweeter Hallschent méi lues ugoe loossen.

An enger virgezunne Partie vum 5. Spilldag bei den Damme gouf et iwwerdeems eng däitlech Victoire fir den HB Diddeleng géint de Standard

RTL